Kultur24. November 2021

Den 1. Dezember zu Miersch

De Guy Rewenig an de Claude D. Conter liesen

«Schnéiwäiss Männer» ass en Dialogtext aus dem Guy Rewenig sengem Buch «Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch» (Éditions Guy Binsfeld 2020): Zwee fréier Schoulkollegen, déi sech zanter fofzeg Joer net méi gesinn hunn, begéine sech zoufälleg op enger Parkplaz zu Mamer.

Si diskutéieren, stëppelen a kritiséieren, huele sech een deen aneren op den Aarm, lamentéieren iwwert hir Kränkten oder schwadronéiere monter droplass. Hir Rees an déi eege Vergaangenheet ass skurril, lächerlech an och traureg, voller Ironie a Roserei.

Den ongewéinlechen Duo Rewenig/Conter ass zustan komm, wéi d'CNLiesrees am Fréijoer 2021 an der BnL zu Gaascht war. Deemools hat de Guy Rewenig de Claude D. Conter gefrot, fir e puer kuerz Passagen aus Schnéiwäiss Männer matzeliesen. Dat huet hinnen an och dem Public sou vill Spaass gemaach, datt si spontan decidéiert hunn, zesumme mol méi e grousst Stéck aus deem Text virzeliesen. Elo ass et sou wäit, am CNL hunn déi zwee Hären e ganzen Owend fir sech.

Mëttwoch, 1. Dezember, um 19.30 Auer am Centre national de littérature zu Miersch, 2, Rue Emmanuel Servais. D’Entrée ass fräi. Wéinst der sanitärer Situatioun ass d'Umeldung fir den Owend obligatoresch a kann online gemaach ginn: https://reservation.literaturarchiv.lu/LGR/ oder nathalie.jacoby@cnl.etat.lu oder Tel. 3269 551.

Den Owend fënnt am Kader vum Covid-Check Regime statt. Den Zougang ass also strikt limitéiert op Leit, déi geimpft, getest oder geheelt sinn. geheelt sinn.