Luxemburg10. November 2026

Vor 90 Jahren wurden die Internationalen Brigaden gegründet

Gedenkfeier der KPL für die »Spueniekämpfer«

In diesem Jahr ist es 90 Jahre her, dass die Kommunistische Internationale dazu aufrief, Internationale Brigaden zu gründen, um an der Seite der republikanischen Armee in Spanien die faschistischen Putschisten unter General Franco zu bekämpfen, die ihrerseits durch Truppen aus Nazi-Deutschland und den faschistischen Regimen in Italien und Portugal unterstützt wurden.

Für die Kommunistische Partei Luxemburgs, aus deren Reihen zahlreiche »Spueniekämpfer« hervorgingen, war das ein zusätzlicher Grund, um am 7. November, wie während der Vorjahre, eine Gedenkfeier zu veranstalten und am Monument für die Interbrigadisten in Düdelingen am Bahnhof Gare-Usines, ein Gesteck mit roten Nelken niederzulegen.

Ansprachen, die wir stehend veröffentlichen, hielten KPL-Präsident Ali Ruckert und Marta de Medina als Vertreterin der »Amigos de la República Española en Luxemburgo«. Zum Abschluß der Feier spielte der kommunistische Parteiveteran Venanzo Bartocci das Partisanenlied »Bella Ciao« auf der Mundharmonika, bevor alle die »Internationale« sangen.

Ried vum KPL-President Ali Ruckert

Haut sti mer hei virum Monument »¡No Pa­sa­rán!« fir »Spueniekämpfer« ze éieren, déi vun Oktober 1936 un vu Lëtzebuerg aus a Spuenie gaang sinn, fir an den Internationale Brigaden d’Republik mat der Waff an der Hand géint déi faschistesch Putschiste vum Generol Franco ze verdeedegen.

Et sinn dëst Joer genau 90 Joer hier, dass am September 1936 déi International Brigaden op Initiativ vun der Kommunistescher International gegrënnt goufen. Déi offiziell Opstellung vun den éischte Brigaden ass den 22. Oktober 1936 mat Zoustëmmung vun der Regierung vun der spuenescher Republik geschitt.

Méi wéi 40.000 Fräiwëlleger, meeschtens jonk Männer aus méi wéi 50 Länner, hunn an de Reie vun den Internationale Brigaden géint déi spuenesch Putschiste gekämpft. Ënnerstëtzt goufen se vun 2.000 sowjeteschen Militärberoder, Piloten an Tankisten.

Vu Lëtzebuerg aus sinn 102 jonk Männer, an der Majoritéit Lëtzebuerger an italieenesch Bierg- a Stolaarbechter, no Spuenie gaang, wou se an der Reegel aus sproochlechen Iwwerleeungen an d‘Thälmann-Brigad an d’Garibaldi-Brigad agegliddert goufen. Ënnert hinne waren italieenesch Antifaschisten an Anarchisten, däitsch Emigranten, déi virum Hitler op Lëtzebuerg geflücht waren, Lëtzebuerger Jonksozialisten a besonnesch vill italieenesch a Lëtzebuerger Kommunisten.

Fir eng ganz Rei vun hinne war d’Wunneng vum deemolegen KPL-President Zénon Bernard an der Industriestrooss zu Esch – déi heitech Rue Zénon Bernard, an där haut de Sëtz vun der KPL ass – déi éischt Ulafplaz, e si vu Militante vun der KPL an dem PCF sécher iwwer déi franséisch Grenz geleet goufen, déi staark kontrolléiert gouf. Vun Hagondange aus sinn se da vu franséische Kommunisten duerch Frankräich bis un déi spuenesch Grenz bruecht ginn, vu wou aus et a Richtung Albacete gaang ass, wou dat militärescht Ausbildungszenter vun den Internationalen Brigade war.

Vun den 102 Interbrigadisten aus Lëtzebuerg sinn der 18 am Kampf gefall, 8 si verscholle bliwwen, an 30 sinn der zum Deel schwéier blesséiert ginn.

D’Gesetz dat de Spueniekämpfer Prisong an d’Oferkennung vun der Lëtzebuerger Staatsbiergerschaft ugedreet huet, gouf op Initiativ vun der Rietspartei (der Virgängerin vun der heiteger CSV) gemaach an am Joer 1937 vun der Chamber gestëmmt, bal zäitgläich mat dem Maulkuerfgesetz, dat d’KPL verbidde sollt.

Dat Gesetz géint d’Spueniekämpfer gouf eléischt 66 Joer derno, de 16. Juli 2003 ausser Kraaft gesat. Zu deem Zäitpunkt hunn nach just 3 Spueniekämpfer gelieft.

Eng Rei Spueniekämpfer, déi zu den antifaschistesche Kämpfer vun der éischter Stonn gehéiert hunn, sinn nom 10. Mee 1940, wéi déi däitsch Faschiste Lëtzebuerg iwwerfall hunn, verhaft ginn, wëll d’Lëtzebuerger Regierung an hier Administratioun d’Lëschte vu Gendarmerie a Police, op deenen se affichéiert waren, den däitsche faschistesche Besatzer iwwerlooss hunn. Anerer konnte flüchten oder hunn an de Reie vun der kommunistescher Resistenz géint d’Naziën gekämpft a waren och nach nom Krich, wann se net verrode goufen an am KZ ëmbruecht goufen, nach laang Jore Militante vun der KPL.

Si alleguer wëlle mer haut würdegen, andeems mer Blumme bei hirem Monument nidderleeën an drun erënneren, dat si mat hirem Slogan »No Pasaran!« zum Ausdrock bruecht hunn, dass alles misst gemaach gi fir ze verhënneren, dass d’Faschisten duerchkommen.

An enger Zäit, wou de Kapitalismus an d’Politik vum Sozialofbau, der Oprëschtung, an dem Antikommunismus vun de biergerlechen a sozialdemokratesche Parteien de Buedem erëm virbereet hu fir de Rietsextremismus an de Faschismus, huet dëse Slogan näischt un Aktualitéit verluer.

Vive d’Spuenesch Republik! Vive déi International Brigaden!

Discours de Marta de Medina des «Amigos de la República Española en Luxemburgo»

Chers camarades, chers amis,

Nous sommes ici pour nous souvenir. Mais surtout, nous sommes ici pour ne pas oublier.

Il y a près de quatre-vingt-dix ans, des milliers d’hommes et de femmes venus du monde entier ont fait un choix qui allait changer leur vie. Ils ont quitté leurs familles, leurs pays, leurs emplois, pour rejoindre l’Espagne républicaine et combattre le fascisme.

Ils n’étaient pas espagnols, mais ils avaient compris que la défense de la République espagnole était aussi la défense de la liberté de tous les peuples. Ils avaient compris que face à l'injustice, à la dictature et à la barbarie, la solidarité devait dépasser les frontières.

Ils sont allés sans rien attendre en retour. Beaucoup ont donné leur vie. D'autres ont connu l'exil, les prisons et l'oubli. Mais aucun d'entre eux n'a combattu en vain, car leur engagement est devenu une part de notre mémoire collective et de notre histoire.

Ils nous ont appris que l'internationalisme n'est pas un mot, mais un engagement. Que l'antifascisme n'est pas une posture, mais un combat. Et que la liberté se défend, elle ne se mendie pas.

Et si nous sommes réunis aujourd'hui, c'est parce que leur combat n'appartient pas seulement au passé.

En Espagne, comme dans de nombreux pays européens, nous assistons à la progression de la droite radicale et de l'extrême droite. Des idées que nous pensions reléguées aux pages les plus sombres de notre histoire réapparaissent dans le débat public. Les discours de haine, le rejet de l'autre, le mépris de la mémoire républicaine et la banalisation du franquisme cherchent à gagner du terrain.

Face à cette réalité, nous devons rester vigilants. Car l'histoire ne se répète jamais exactement de la même manière, mais elle nous adresse parfois des avertissements que nous ne pouvons pas ignorer.

Rendre hommage aux Brigades internationales, c'est reprendre le flambeau de leur engagement. C'est défendre la mémoire des vaincus, faire vivre les valeurs républicaines et refuser toute complaisance envers le fascisme.

C'est aussi rappeler aux jeunes générations que la démocratie, les libertés, les droits sociaux et la dignité humaine sont le fruit de combats et de sacrifices. Rien n'est définitivement acquis.

Camarades,

Les Brigadistes sont venus en Espagne avec une conviction : ils savaient qu'un peuple qui lutte pour sa liberté ne doit jamais être seul.

À notre tour, soyons dignes de leur héritage. Ne laissons ni l'oubli, ni la peur, ni la résignation prendre le dessus.

Que leur exemple continue de nous inspirer. Que leur mémoire reste vivante dans nos luttes et dans nos engagements.
¡No pasarán ! ¡Viva la República española ! ¡Vivan las Brigadas Internacionales ! ¡Viva la solidaridad internacionalista !