Kultur27. November 2021

Vum 27. November bis 19. Dezember zu Uewerkuer

75. Salon «Art Vivant»

Den «Art Vivant» feiert dëst Joer seng 75 Joer. Eng Mëschung vu Kultur a Kulturen, Schweess, Freed an och mol Tréinen hunn den Art Vivant zu deem gemaach, wat en elo ass – en Haus vun enger grousser Famill, wou intressant Gespréicher gehale ginn, wou zesumme gemoolt oder och einfach gelaacht gëtt.

Den «Art Vivant» huet eng grouss Verantwortung vis-à-vis vu senger Gemeng, well de Veräin um kulturelle Plang eng Stäip an eng Visittekaart fir d’Gemeng a seng Awunner ass.

Déi Resonsable wëlle geziilt och onbekannte Kënschtler virstellen, se zesummebrénge mat Kolleegen, déi scho méi Experienz am Fach hunn. Bekannt a renomméiert Kënschtler solle weider de Wee op Déifferdeng fannen als Invité d’honneur.

D’Visiteure kënnen bis den 19. Dezember (all Dag vu 15 bis 19 Auer) déi 75. Editioun vum «Art Vivant» entdecken. De Vernissage ass de 26. November um 19.30 Auer mat Musek an Action painting: Éieregäscht sinn an dësem Joer de Fernand Bertemes an de  Roland Wauters.

Espace H2O, Rue Rattem zu Uewerkuer. D’Entrée ass gratis. Opgrond vun der aktueller Lag mussen Plaze fir de Vernissage per info@stadhaus.lu oder Tel. 5877 1-1900 reservéiert gin. E CovidCheck-Event.