Reform ALPHA: Mir brauchen een Ëmdenken
D’Reform ALPHA gouf generaliséiert, obschonn eng ganz Rei Froen nach oppe stinn. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, dass mir ee breeden ëffentlechen an op Fakte baséierten Debat féieren. Déi wëssenschaftlech Begleedung duerch de »Luxembourg Centre for Educational Testing« (LUCET) soll belaaschtbar Donnéeë garantéieren.
Eng rezent parlamentaresch Ufro vun den Deputéierte Marc Lies a Ricardo Marques an e Bericht vu Reporter.lu werfen d’Fro op, firwat d’Verëffentlechung vun de Resultater vun der rezenter wëssenschaftlecher Etüd vum LUCET zum Projet ALPHA no hanne geréckelt gouf.
De Rapport vum LUCET zum Projet ALPHA ass schonn zanter Februar fäerdeg. Trotzdeem ginn d‘Resultater bis Mëtt Juli 2026 zréckgehalen — also bis zum Schouljoresenn, wou mat manner medialer a politescher Opmierksamkeet ze rechnen ass.
Offiziell gëtt dëst domat begrënnt, dass eng zousätzlech wëssenschaftlech Iwwerpréiwung virun der Publikatioun decidéiert gouf. Wat bei dëser Erklärung iwwerrascht: Als Grond fir eng zousätzlech Iwwerpréiwung gëtt eng ze kleng Unzuel vu Schüler uginn. Dobäi war genee dëse Punkt schonn am Rapport vum leschte Joer bekannt, ouni dass dat zu enger zousätzlecher Kontroll gefouert hätt.
Am Géigendeel: d‘Resultater vun der vireschter Studie goufen ëmmer erëm vum MENJE ugefouert fir d’Noutwendegkeet vun der Reform ALPHA ze ënnermaueren. Wéi d’Gewerkschaften op d’Limitte vun der Studie higewisen hunn, gouf dëst erof gespillt.
Et ass och bemierkenswäert, wéi de MENJE d’Wichtegkeet vun der Studie relativéiert. Géintiwwer Reporter.lu huet de MENJE uginn, dass et sech net ëm eng grouss wëssenschaftlech Studie handelt, mee ëm d’Ausprobéiere vun enger pedagogescher Innovatioun. Ëmmerhi goufen d‘Resultater vun der vireschter Studie als wëssenschaftlech Basis erugezunn, fir d’Verallgemengerung vun der Reform ALPHA ze legitiméieren. Et ass wéineg credibel wann een dat, wat virdrun als wëssenschaftlech Evidenz gegollt huet, op eemol relativéiert.
De LUCET-Rapport wäert mat enger Rei aneren Dokumenter publizéiert ginn. De MENJE begrënnt dëst domat, dass dëst eng méi global an kontextualiséiert Lecture erlaabt. Den SEW/OGBL huet awer d’Suerg, dass duerch dës Approche déi wëssenschaftlech fundéiert Resultater vum LUCET an engem méi groussen, eventuell méi favorable Sammelband an den Hannergrond geroden, respektiv verwässert ginn.
Laut Reporter.lu, an och laut dem, wat ënnert den Acteuren am Bildungsberäich erzielt gëtt, hunn d’Resultater vun der rezenter Etüd net dat gewisen, wat ee sech erhofft hat. »Honni soit qui mal y pense!«
Den SEW/OGBL erkennt beim Ëmgang mam Rapport zum Projet ALPHA e Muster erëm. Well et ass leider net déi éischte Kéier, dass d’Verëffentlechung vun engem Rapport verzögert gëtt. Bei der sougenannter CAEF-Etüd, enger grousser Consultatioun vu ronn 2.000 Léierpersounen an der Grondschoul zu den Aarbechtsbedingungen, huet de MENJE d’Resultater méintelaang zréckgehalen. Och deemools gouf, nodeems d’Studien ofgeschloss war, argumentéiert, et missten nach zousätzlech Aspekter analyséiert ginn. Schliisslech goufe bei der Verëffentlechung d’Resultater als »net representativ« ofgedoen. Dëst war besonnesch brisant, well d’Resultater zum Deel ganz alarmant waren, an ënnert anerem ronn en Drëttel vun de Léierpersounen uginn hunn, kuerz virun engem Burnout ze stoen.
Beim Vott zum Gesetz fir d’Verallgemengerung vun der Reform ALPHA huet d’Chamber iwwerdeems duerch eng Motioun vum Ricardo Marques eng transparent a kontinuéierlech wëssenschaftlech Begleedung vum Projet ALPHA bis 2032 verlaangt. Wann dëser Motioun net Rechnung gedroe gëtt, ass et un den Deputéierten, hirer Kontrollfunktioun nozekommen an ze hannerfroen, firwat dat esou ass.
De MENJE muss elo all Daten a Quellen oppe leeën, fir ze weisen, dass alles seng Richtegkeet huet. Dëst ass onëmgänglech fir d‘Vertrauen an d’Wëssenschaft an an d’Bildungspolitik erëm hierzestellen.
Vertrauen entsteet duerch Transparenz. Och Fakten, déi manner bequem sinn, mussen op den Dësch geluecht a kontrovers an ëffentlech diskutéiert ginn. Genau dat mécht gelieften Demokratie aus.
Den SEW/OGBL erwaart sech, dass de MENJE dëse Prinzip vun Transparenz an Zukunft konsequent ëmsetzt. In fine kann och nëmmen esou d’Vertrauen an d’wëssenschaftlech Begleedung vun der Reform ALPHA nohalteg garantéiert ginn.
Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW/OGBL)

