Kultur11. November 2021

Vum 18. bis 21. November am Cube 521 zu Maarnech

De Kabaret Sténkdéier presentéiert den neie Programm »Negativ«

De Kabaret Sténkdéier presentéiert vum 18. bis 21. November am Cube 521, den neie Programm »Negativ«.

Nëmme Kontakter mat Negativen, dann hutt Dir alles ënner Kontroll. De Virus huet eist Liewe geännert, huet eis d'Welt op d'Kopp gestallt, a wat bis dohinner richteg a wouer war, ka sech elo als falsch erausstellen. A wollt am Ufank just den Etienne säi Liewen zeréck, esou wëlle mer et elo all zeréck. Et soll nees esou sinn, wéi virdrun: mat Vakanze-Fliger a Croisières-Schëff d'Klima retten a mam SUV op den Après-Ski. Et war jo och esou schéin!

A grad elo bei dier schlëmmster Kris hu Grand-Ducs eis och nach sëtze gelooss a sech mir näischt dir näischt duerch d'Bascht op Biarritz gemaach. Elo, wou mir hire Bäistand am néidegste gebraucht hätten, gi si léiwer ongeneemegt an onerwënscht Interviewen am Paris-Match. Eist aller Monica mobbt sech derduerch, wann et anescht net weiderkënnt a bréngt d'DP an d'Laberenten, mee dat schlëmmst ass, datt et kee Lëtzebuerger Cremant méi bei der Luxair gëtt. Wat Zäiten net nach!

Et spillen Conny Braquet, Irène Zeimes, Claude Faber a Luc Schumacher. Regie: Roland Meyer. Texter: Roland Meyer. Musek: Camille Nanquette.

Donneschdeg, 18. November um 20 Auer. Freideg, 19. November um 20 Auer. Samschdeg, 20. November um 20 Auer. Sonndeg, 21. November um 18.00 Auer. Covid-Check Event.

Erwuessener: 20 Euro / Cube Card: 17 Euro / < 26 Jahren: 10 Euro.

D’Reservatioun ass obligatoresch. Tel: 521 521 / info@cube521.lu

Weider Informatiounen: www.cube521.lu