D’Wourecht ass nees Affer vum Krich

Carte blanche vum Ali Ruckert vum 14. Januar 2009 op RTL-Radio

D’Wourecht as alt nees eng Kéier dat éischt Affer vum Krich, deen Israel géint d’Palästinenser am Gaza féiert. Wéi bei bal alle Kricher hunn Ligen e Virwand fir de Gaza-Krich geliwwert. An desem Fall gëtt behaapt, Israel misst sech géint sougenannt »Rakéitenugreffer« vun den Hamas-Terroristen schützen, an wéillt dofir der Hamas, déi Israel an der Vergaangenheit bekanntlech géint d’PLO vum Yassir Arafat opgepeppelt huet, wuel net vernichten, ma esou schwächen, dat e verhandlungsfäheg géif.

Et kann een kloer erkennen, dat Ugrëff mat deene sougenannte Rakéiten, déi zwar bedingungslos ze verurteele sinn, ma déi dausend mol manner Schued uriichten a Menschen embréngen, wéi israelesch Bombardementer, vun der grousser Majoritéit vun de Medien ausgeschluecht ginn, fir Israel an eng Afferroll ze bréngen, während d’Massaker vun den israelesche Besatzer un den Awunnerer vu Gaza verharmlost ginn.

Israel ging sougenannt »intelligent« Waffen asetzen, fir d’Zivilbevölkerung ze schounen, heescht et weider. Wat fir e Blödsinn. Wéi kéint eng Bomm ënnerscheeden tëschent engem bewaffnete Kämpfer an engem Kand vun 3 Joer, dat nach net emol mat Sténg geheie kann!

Ma op der Säit vun der Europäescher Union an vun eiser Regierung as Kritik um Staatsterrorismus vun der israelescher Führung an un deene Verbriechen déi am Gaza ugeriicht ginn, tabu. Den präiseschen Aussenminister huet esou guer getéint, de Westen misst hëllefen de sougenannte »Waffeschmuggel« an der Gaza-Sträif z’ ënnerbannen. Dee selweschte Blödsinn as schonns 2006 beim israelesche Krich am Libanon gezielt gin, ma schons deemools as keen eenzege Fall vu Waffeschmuggel bekannt ginn. Iwwregens missten d’Amerikaner et besser wëssen, well déi Waffen, mat deenen d’Hamas haut kämpft, staamen zum allergréissten Deel dohir, dat d’Hamas d’PLO, déi massiv vun den USA opgerüst gouf, am Gaza entwaffnet huet.

D’Palästinenser sollten d’Existenz vun Israel unerkennen, gëtt gefuedert. Ma dat as genau esou verlugen, well d’Unerkennung vum Staat Israel a vun sengem Existenzrecht as schonns laang geschittt. An dat obschonns dës angeblech »eenzeg Demokratie am Noen Osten« weder eng Verfassung huet, nach seng Landesgrenzen kloer definéiert sinn.

Wann et een gëtt, deen d’Existenzrecht an d’Souveränitéit vun sengen Nopeschlänner an de UNO-Beschloss iwwert d’Grënnung vum Staat Palästina net unerkennt, wann et ee gëtt, dee refuséiert déi 42 Joer al Fuederung vum UNO-Sécherheetsrot, déi zanter 1967 besate Gebidder ze raumen, unzeerkennen, dann ass dat Israel.

D’Rakéitenugreffer op Israel musse gestoppt ginn. Dat as richteg. Ma dofir brauch een e palästinensesche Staat mat deene néidege Strukturen. Ween am Gaza an aneren palästinenschen Territoiren awer verhënnert, dat esou Strukturen entstinn an déi klengsten staatlech Strukturen esou guer nach ratzekal zerstéiert, huet offensichtlech aner Ziler.

Donnerstag 15. Januar 2009