De 17., 18., 20. an 21. Mäerz

Béierdeckelsgespréicher 2

Lëtzebuergeschen Kabaret mam Jay Schiltz, Rol Steichen, Pascal Granicz

Stell der vir, et si Wahlen an du hues keng Wiel, keng aner Wiel, wéi wielen ze goen. An ënnert all deene verwielte Politiker, déi ze wielen sinn, as keen, deen ze wiele wir. Esouguer deen Auserwielten huet keng aner Weil, wéi sech nach eng Kéier wielen ze loossen. Schwiereg Zäiten fir Wieler ouni Wiel.

Keng Wiel an desen Zäiten och fir Kabarettisten. Mir mussen et einfach maachen. D’Alternativ wir, se gewäerden ze loossen. An dat wir och keng Wiel. Deemno hu mir eis Wiel getraff. Ob et fir eng Majoritéit duergeet, steet op de Béierdeckelen.

Dernière 25. Abrël

Et spillen: Pascal Granicz, Rol Steichen, Jay Schiltz. Cabaret en collaboration avec le Mierscher Kulturhaus. Noch am 17., 18, 20. und 21. März um 20h in Luxemburgischer Sprache. Tickets: 2634731 info@khn.lu www.khn.lu 15 Euro/10 Euro. Texter: Jay, Guy Wagner, Regie: Claude Fritz, Affiche: Pat Wengler.

Datumer am Mierscher Kulturhaus: 26., 27. (um 20 an um 22 Auer), 28.03. um 20 Auer. Reservatiounen: 2632431. Dernière am Hotel Bisdorff zu Berdrëff: 65 Euro mam Menu, Reservatiounen: 790208. Datum: 25.04.

Mittwoch 11. März 2009