De 7. Mäerz um 20 Auer am CAPe

Amor…an dann?

Wien ass d’Psyche? Ënner mysteriéisen Ëmstänn huet hatt sech mat engem gëttleche Wiesen agelooss. Wat verstoppt sech hannert där iwwerméisseger Léift tëscht Amor a Psyche? Firwat léisst hatt sech no alle Noute vun der Göttin Venus kujenéieren? Wien ass d’Salomé? War hatt Dänzerin? Firwat huet hatt de Kapp vum Jokanaan gefuerdert? War hatt ee verwinnten Teenager, eng Sadistin oder eng »Femme fatale« wéi Gustave Flaubert oder Oscar Wilde hatt am 19. Jh. duergestallt hunn? D’Psyche an d’Salomé sinn zwou Fraefiguren, déi Schrëftsteller, Artisten a Kom­ponisten uechter d’Joer­hon­nerte faszinéieren a beschäftegen. »Amor... an dann?«:

Zwou Legenden iwwer zwou Fraen, allen zwou eeschtlech vun der Léift getraff. »Amor... an dann?« ent­féiert Iech aus dem Alldag eraus an di aussergewéinlech Welt vun de Legenden, wou Léift, Jalousie, Haass a Begier d’Fiedem tëscht irdeschen an iwwerirdesche Fraen a Männer spannen.

Den Owend gët vun der »Commission de l’Égalité des Chances« vun der Stad Ettelbréck an Zesummenaarbecht mam CAPe, am Kader vum Internationalen Dag vun der Fra organiséiert, a steet ënnert dem Haut-Patronage vum »Conseil National des Femmes« an dem »Ministère de l’Egalité des Chances«. No dem Spektakel invitéiert den Ettelbrécker Schäffen- a Ge­men­gerod op en Éirewäin am Foyer.

Informatioun a Resevatioun : Tel: 268121304 vun Dënschteg bis Freideg vun 13 bis 18 Auer. Tarif B: 15/ 7,50 €.

Freitag 6. März 2009